Gabriela Caceres: Les arbres doivent-ils avoir des droits ?

Gaascht: Gabriela Caceres (Responsabel fir Partenariater a Südamerika bei der ASTM) An der Île-de-France proposéiert e Kollektiv d'"juristesch Perséinlechkeet" vu reegelméisseg verschmotzte Séien unzëerkennen. Viru kuerzem huet Kanada d’juristesch Perséinlechkeet vun engem Floss unerkannt. Dëst ass ee Wee fir net méi "d'Verdeedegung vun der Natur der Existenz vu mënschlechen Interessen ënnerzeuerdnen". Wouhier kënnt d'Iddi der Natur juristesch Rechter ze ginn? Kann een der Natur iwwerhaapt eppes ginn oder geet et éischter um Unerkennung? Si Rechter och mat Flichte verbonnen a wa jo, wéi gesinn dës aus? Ginn et Beispiller vun der Unerkennung vun de Rechter vun der Natur, z.B. am globale Süden? Wat ass néideg fir dëst ëmzesetzen? Dës a weider Froe beschwätze mir mam Gabriela Caceres vun der ASTM.  D’Gespréich ass op Franséisch   Artikelen Brennpunkt: - Gabriela Caceres: Les arbres doivent-ils avoir des droits ? https://www.brennpunkt.lu/article/les-arbres-doivent-ils-avoir-des-droits-1/ - Réponse critique à cet article par Hubert Hausemer: Les arbres n’ont pas besoin de droits https://www.brennpunkt.lu/article/les-arbres-nont-pas-besoin-de-droits/   Links: https://mrmondialisation.org/loire-en-peril-il-faut-donner-des-droits-aux-fleuves/ https://www.lemonde.fr/idees/article/2022/10/21/accorder-des-droits-a-la-nature-une-revolution-juridique-qui-bouscule-notre-vision-du-monde_6146749_3232.html https://globaljusticeecology.org/whale-offsets/ https://reporterre.net/Lacs-rivieres-montagnes-Comment-accorder-des-droits-a-la-nature   Kultur mam Anne Paul BleserL'arbreRequête et plaidoyer pour une déclaration des droits de l'arbreISBN 978-99959-0-801-0 https://arbre.lu/fr/index www.citim.lu

Om Podcasten

Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat Radio ARA. Eise Motto ass "Loscht op Ëmdenken". Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen intresséiert. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Christine Nehrenhausen Intromusek: Coastal Road - Eternity Music Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.