Magali Paulus: Biergerbedeelegung brauch Zäit!

Interview  Gaascht: Magali Paulus (CELL) Mam Magali schwätze mir iwwert Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg. Wat fir Projete ginn et? Wat sinn typesch Problemer vun der Biergerbedeelegung hei am Land? Firwat ass et wichteg iwwert Biergerbedeelegung ze schwätzen an se och ëmzesetzen? Wat muss berécksiichtegt gi fir dass et zu enger realer Biergerbedeelegung ka kommen? Magali erkläert eis och en Standard-Modell vun der Biergerbedeelegung: Ladder of participation vum Arnstein.   CELL (Centre for Ecological Learning Luxembourg) https://www.cell.lu Links: Arnstein Ladder of participation: https://360participation.com/models-of-participation/ https://organizingengagement.org/models/ladder-of-citizen-participation/   Participation citoyenne zu Rëmeleng: https://www.facebook.com/VilleDeRumelange/ Klima-Biergerrot: https://www.klima-biergerrot.lu Luxembourg in Transition: https://luxembourgintransition.lu De Budget participatif zu Diddeleng: https://jeparticipe.dudelange.lu   D’Gespréich ass op Lëtzebuergesch Musek: Chœur en Liberté Metz et Paris vum 18. Mee 2019 Rallumeurs d'étoiles" de HK et les Saltimbancks et harmonisée par Brice Baillon; Louis Lefebvre Legagneur à la direction https://www.youtube.com/watch?v=zncMEarlSpA Kultur mam Anne Les déconvenues de la participation citoyenne vum Sabrina Bresson https://pufr-editions.fr/produit/les-deconvenues-de-la-participation-citoyenne/ www.citim.lu

Om Podcasten

Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM mam Klima-Bündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat Radio ARA. Eise Motto ass "Loscht op Ëmdenken". Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen intresséiert. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Christine Nehrenhausen Intromusek: Coastal Road - Eternity Music Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.