10 - "Hei si mer erëm"

Spoiler Alert: D'Episod fänkt net nees mat Gesang un – mee mat engem seriöen Thema. Dir braucht/sollt, d'Lautstäerkt also net erofzedréinen. Mir hunn eis richteg op dës Episod gefreet. Net well et mat der 10. Episod e klenge Jubiläum ass - dat hu mer eréischt beim Ophuele gecheckt. Nee, mir huelen nämlech net méi am Home Office op. Yey! D'Sarah gedenkt senge SIMS, d'Lynn schwëmmt géint de Stroum a verleeft sech a fir et ronn ze maache räisst dem Catherine seng Box. Ma dann happy Keck héich 10.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven