11 - Geféierlecht Hallefwëssen

Back to reality: Stau, Protokoller a Socialising sti leider nees op der Dagesuerdnung. Eent vun eis ass awer och oppe fir Neies a probéiert sech am Waasservëlo, dat anert geheit mat geféierlechem Hallefwëssen ëm sech an dat Drëtt im Bunde erkläert, wéi grouss d'Panik bei der Sich no enger Parkplaz ass. Highlight: Mir hunn eng fuschnei Rubrik!!! Vill Spaass oder wéi déi cool Leit soen: gënnt iech.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven