14 - Mir mussen iwwert de Kleesche schwätzen

Mëtt August an dem Lynn brennt d’Problematik vum decke Mann mam wäisse Baart op der Zong. D’Sarah bekennt sech zu sengem Hond a sengem Superraupi-Dasein. An d’Catherine beschreift wéi et schmaache muss wann een engem Doudegen an d’Zéif bäisst. Eis ass opgefall: Dës Episod kéint provozéieren.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven