15 - Doheem ass d'Toilette am schéinsten

Mir kënnen iech eppes verspriechen: An dëser Episod huet et beim Lynn uerdentlech gekraacht an et geet queesch duerch den Zyklus. Vu Campingsaventuren iwwer Ongereimtheete bei "Titanic", bis hin zu richteg penibele Chaosmomenter, deem fäinsten Iessen an enger fetter Téitsch am Aarsch. Mir hunn awer natierlech och déi ganz seriö Themen ugeschwat: Wéini ass een eigentlech am glécklechsten? Grënn genuch un eiser 15. Therapie-Session deelzehuelen

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven