16 - "Dat duerno"

Déi eng ginn an d'Vakanz fir ofzeschalten, déi aner halen een Tëmpche beim Coiffer. Ma net just d'Hierschtmiddegkeet weist sech um Enn vum Summer, d’Catherine setzt elo op de Fëscherhutt, d’Lynn richt de September an d’Sarah mécht scho mol d’Sëtzheizung un. A Propos Fëscherhutt, wéini gëtt een eigentlech penibel? Villäicht jo schonn an dëser Episod.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven