18 - Nenn d'Kand beim Numm!

An där heiten Episod gëtt blank gezunn, an dat huet rechtlech Konsequenzen - net esou wéi Catcalling zu Lëtzebuerg. Dozou hu mer awer och eng Meenung a virun allem perséinlech Erfarungen. Firwat Catcalling NI e Kompliment ass a weider Diskussioune ginn et vum Catherine, Lynn a Sarah, a villäicht hutt dir jo och nach e puer Äntwerte fir eis, Froe goufe sech op alle Fall genuch gestallt. Ënnert anerem och firwat Keckis esou op Geesse flippen a wat aus dem fäinsten 2000er Trash ginn ass.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven