19 - Den Tic Tac Toe Moment

Wär dës Episod e Fluch, géif d'Lynn Business fléien, d'Cat géif an der Sécherheetskontroll hänke bleiwen an d'Sarah hätt den éischte Schampes schonn erof. Wär et eng Pressekonferenz, da wär et déi vun Tic Tac Toe, eng vun de legendäersten aus der Pop-Geschicht. Ma et ass déi neisten Episod vu Keck! an där mer awer och nach eemol d'Thema vu Catcalling a sexueller Belästegung vun der leschter Episod opgegraff hunn; eis ass eppes opgefall. Et gëtt all Grond unzestoussen, op äre Feedback, eis Anekdoten an den Ufank vum Enn. Prost!

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven