4 - Traus de dech nach ze houschten?

D'Lynn huet nach eng Lift-Story. D'Cat erfënnt Tinder nei. D'Sarah gëtt am Tram ausgegrenzt. 3 Mol gehouscht an Zack an d'Quarantän? Vu Guilty Pleasures iwwert ongewéinlech Phobien - mir deelen alles mat iech, just kee Virus.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven