5 - Mam Video Call op d'Toilette #QuarantänEdition

Wéini dierfe mir nees eraus? Wéi wäert eis d'Liewen no der Kris ausgesinn? A wäerte mir eis an d'Zukunft nach d'Hand ginn? Op all dës Froe ginn et an dëser Episod keng Äntwerten. Wat mir iech awer verséchere kënnen: Och an der Isolatioun kritt dir eis weider op d'Oueren. Bleift gesond a virun allem: Bleift (keck) doheem!

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven