6 - D'Jacquira ënnert den Episoden

Den Titel vun dëser Episod ass kee schlecht Wuertspill - en huet mat engem Geständnes ze dinn, dat mir iech net virenthalen duerften - mir deele jo alles mat iech. Verréckelt de Video Call an är 5 virtuell Aperoen, gënnt iech e Stéck Banannebrout a maacht et iech gemittlech: Elo kritt dir eis nees op d'Oueren, d'Quarantän-WG geet an déi 2. Ronn!

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven