7 - Aggressiv, gestresst a perséinlech

Skandal: D'Lynn huet d'Catherine an d'Sarah hannergaangen a muss sech erklären. D'Catherine hätt et bal net an dës Episod gepackt an d'Sarah gëtt äiskal ausgelaacht. Bonus: Mir sinn ënner d'Quizzer gaangen a gi mol méi, mol manner perséinlech. Grënn genuch, iech d'Episod eranzezéien. #TheMadnessContinues

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven