8 - An de Bandana geschnäizt

Afantasie an Dramdeitung - dës Episod ass vu Spiritualitéit net ze iwwerbidden. Soss Highlights: d'Sarah weess elo, datt e Bandana eng eekleg Ugeleeënheet ka ginn, d'Cat huet erkannt, datt eng Mikrowell engem d'Liewen net ëmmer vereinfacht an d'Lynn schneit anere Kanner hire Rateschwanz of... Dës Episod huet also alles, fir iech 40 Minutte laang ze ënnerha len. D'Quarantän-WG geet an déi nächste Ronn!

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven