9 - E Konschtwierk un Absurditéiten

Déi lescht Episod a Quarantän bitt eng Ode un d’Radio Skills. Firwat d’Mask fir d’Sarah wéi e Soutien ass, d’Lynn am léifsten Hymne lauschtert fir Sport ze maachen an d’Catherine sech fir d‘Ofschlossexame schick gemaach huet, dat kläre mer an dëser REPSody.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven