#Special - De Feierstorch: Kapitel VI - Dréi dech ëm, Jeannine

De Feierstorch - en Héierbuch, dat vun de Jonge vun "Hei Elei Lauschter Lo" an d’Liewe geruff ginn ass. All Kapitel entspréngt der wëller Imaginatioun vun engem anere Podcast. Bis ewell duerfte sech "Paus.", "Happy Hippo", "Tun a Max - De Podcast" an "Erklär&Laach" d’Aventurë ronderëm de Feierstorch aus de Fanger suckelen. "Keck!" gouf mam Kapitel 6 chargéiert an dierf d’Story ëm de prächtege Vull weider spanen. Dat hei ass näischt fir schwaach Nerven - et kënnt näischt esou, ewéi ee sech et erwaart huet. #PlotTwist - Nominéiere wäerte mer iwwregens en Newcomer-Podcast, soen déi, déi eréischt 5 Episoden eraus bruecht hunn, mir nominéieren d’Krunnemécken.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven