"Wéi, wisou drénks du näischt?"

D'Generalprouf hu mir iwwerstanen - hei si mer erëm. An dëser Folleg gi mer de wichtege Froen op de Grond: Wéi eng beängschtegend Bezéiung féieren d'Lynn a seng Öko-Tuten? Viru wiem leeft d'Catherine fort? A vu wiem kuckt d'Sarah heemlech Videoen? De gudde Lëtzebuerger lauschtert bis zum Schluss.

Om Podcasten

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn - oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven